Lëtzebuerger N-Bunn 69 ||
  Beschreiwung
 
Beschreiwung
D'Segmenter goufen aus Läischte vun 1,8 cm x 1,8 cm an aus Spärholzplacke vu 5 mm gebaut. Et gouf geschrauft a mat Wäissläim gekollt.
D'Wendel gouf mat Gewënnschrauwen a Spärholzplacke vu 5 mm gebaut.
Dorop gouf haaptsächlech Flexgleis vu Fleischmann an (an der Wendel) vun Arnold geluegt. All Meter gëtt Stroum iwwert d'Éclissen an d'Schinne geleet. Mat Schrauwen a Gleisklamere vu Post a Krause gouf dee ganze Réseau geluegt.
 
erëm erop    
D'Weichemotore goufen all versenkt. Niewend all Weich gouf e Rechteck aus der Holzplack erausgeseet. D'Gedriffer goufen dann ëmgedréit erëm agebaut. Verschidde selwer gebaute Lokomotive kéime soss net laanscht d'Weichemotoren. Ënnert d'Gleiser an der Noperschaft vun de Weiche goufen dënn Plastiksplacke vu Busch geluegt, fir den Héichtenënnerscheed auszegläichen.
 
     
Et si 15 Fleischmann- an 2 Minitrixweichen agebaut, all hunn si stroumleedent Häerzstécker.
Och iwwert d'Weichegedriffer goufen an der Kappgare dënn Plastiksplacke mat Schotter geschrauft fir se ze camoufléiren an awer nach drunzekommen.
Et ass een Dicks vun Arnold an eng Barrière vu Minitrix op dem Réseau.
Fir ze rangéiere sinn 8 Entkuppler vun Herkat agebaut.
 
erëm erop    
Geschalt ginn di elektresch Artikelen iwwert e Stellpult vu Fleischmann. An der Ofstellgare huet all Zuch säin eegent Gleis, daat mat engem Bild markéiert ass. Gefuer gëtt analog ëmmer nëmme mat engem Zuch. Verschidde Weichen hu Stoppfunktioun. Op anere Plaze kann de Stroum iwwert Schalteren ënnerbrach ginn. Esou loosse sech vill Zich ofstellen.
De Stroum liwweren zwee Trafoe vun Titan an ee vu Fleischmann.
 
     
D'Gebaier goufen all (bis op eent) selwer gebastelt. D'Pläng goufen op Millimeterpabeier gemolt. Op eng Plastiksplack vu Busch goufen dann e Pausblat an den Hausplang mat Bürosklamere fixéiert. Mat engem Bläistëft goufen d'Strëcher vum Haus nogezunn a schonns war de Plang op der Plastiksplack. Mam Cutter gouf alles erausgeschnidden. D'Fënsterrumme sinn dënn Isoléierbandsträifen, déi op duerchsichteg Plastiksplacke gepecht goufen (aus de Këschte vum Fuerpark).
 
erëm erop    
D'Haiser kruten Diech aus Placke vu Kibri a vu Vollmer. Et goufen och Profiler vun Evergreen an einfachen Drot gebraucht. D'Gelännere si vu Weinert, SCALE LINK a vun aanere Marken. Ugestrach gouf mat Faarwe vun Humbrol a vu Plaka.
D'Stroosselantere si vu Viessmann. D'Autoe si vu Marks, MZZ, Lemke, Tomytec, I. M. U., microlife-online, Oxford Diecast an esou weider. D'Stroossefaarf ass vu Faller. D'Schëlter an d'Plakater goufen um Computer mat Hëllef vum Internet selwer gemaach.
D'Männercher si vu Preiser, Merten, Noch a Faller.
 
     
D'Beem an d'Traisch si vu Faller, Heki, Busch, Noch an esou weider.
Fir Gréngs ze planze gouf op all méiglech Marken zeréckgegraff.
D'Mauere sinn ugestrache Placke vu Kibri. Den Tunnel kënnt vu Peco.
D'Fielse si vun Heki.
Gekollt gouf mat verdënntem Wäissläim, mat Faller Plastikskoll an och op Plaze mat Sekonneläim vun Henkel.
 
erëm erop    

Spillen op der Linn 1b

Ech hunn e Fuerplang opgestallt. Sou kënnen all Vehikele fir ze Spillen agesat ginn. Natierlech ass alles fräi erfont, mee et erlaabt e stonnelaange Betrib. De Gidderzuch fir de Steebroch am Dall  ass nach net virgesinn. Fir Detailler op engem PDF Dokument ze kucken, muss een einfach op dee klenge Plang niewendru klicken.
 
     
Elo kann de Fuerplangbetrib gespillt ginn. Fir e gudden Oflaf ze garantéire mussen d'Schinne gebotzt sinn. Niewend de Fuerqualitéite vun de Lokomotiven ass den elektresche Kontakt wichteg. All Rieder mat Gummispneue goufe getosch. All Weichen hu leedent Häerzstécker. D'Rieder vun alle Gefierer gi regelméisseg gebotzt.
 
erëm erop    
De Réseau spillt um Enn vun de sechzeger Joeren. Am Persouneverkéier ginn et Zich fir:
- Aarbechter déi op d'Schmelz musse fueren.
- Beamten déi an d'Haaptstad wëllen.
- Schüler déi an e noe Lycée mussen.
- Leit déi Verbindung mat der Nordstreck (bis op Léck a weider) sichen.
 
     
De Gidderverkéier transportéiert Stéckgidder, Holz, Kuelen, Baumaterialien, landwirtschaftlech Maschinnen, Dünger, Frëschprodukter fir Hotelen. Speider soll am Dall nach e Steebroch a Betrib geholl ginn.
Fir flotte Spillspaass op wéineg Plaz ass gesuergt!
 
erëm erop