Lėtzebuerger N-Bunn 69 ||
  Pläng a Projeten
Pläng a Projeten

 

Éischte Gleisplang

De Reseau hat am Ufang  zwee Segmenter. E war 214 cm laang an 72 cm breet.

Um Niveau 0 cm ass eng Ofstellgare fir 3 Zich an 3 Tribween.

Bei W geht et iwwert eng 5fach Gleiswendel an d'Kappgare um Niveau + 21 cm.

Bei A a B soll de Reseau emol weider am Krees  duerch d'Zėmmer gefouert ginn.

Bei S ass d'Stellpult.

 

Geplangte Weiderbau

 
 
 
 
 
 
 
 

erėm erop

 
 
De Reseau soll op 9 Segmenter an 1 amoviblen Deel vergréissert ginn.
Am Dall vun der Baach sollen, eng Strooss an eng Barričre nogebaut ginn.
De Steebroch kėnnt op e Segment vu 90X50 riets nievent de Concasseur.
Hie kritt eng eege Schmuelspuerbunn. Dės ass um Plang blo agezeechent.
Op der Strooss soll e gemittleche Verkéier imitéiert ginn. De Faller Car System ass rout gezeechent.
Iwwert engem Tunnel vun der Linn 1b, gėtt en Deel vum Schlass vun dem Ardennerstiedchen nogebaut.
 
 
  D' Segment mat der Brauerei
   

D' Segment ass 130 X 72 cm grouss. E besteet um Niveau 0 aus engem Haaptgleis a 4 Ofstellgleisen. D'Radie sinn 39,5 cm an 43 cm.  D'Gleise gi provisoresch opgeluegt an agezeechent. Mat der Stėchsee gi Rechtecker vun 2,5 X 8 cm fir d'Fleischmann Motoren erausgeschnidden. 6 Leitunge vun 1,5 mm gi mat Brawa Steckerklemmen 3093 an de Segment verluegt. 2 si fir Fuerstroum (14 V DC), 2 fir Schaltstroum (16 V AC)  an 2 Leitunge  mat 14 V DC si fir Geliits an Animatiounsdeeler. Eng wäiss MDF Plack vun 3 mm gėtt fir d'Stellpult agebaut.

   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   

Ofschnėtter ouni Stroum gi mat Plastikseclissen (Arnold 1170, Fleischmann 22214) an Eclissen mat ugeléitene Kabelen (Arnold HN8032, Fleischmann 22217) equipéiert. D'Stellpultelementer vu Fleischmann ginn op d'MDF Plack geschrauft. D'Säitendeeler vum Segment gi matt Wäissläim a Serre-Jointen festgemaach. Déi horizontal Läischte ginn eenzel op d'Mooss geseet. Et gi Lächer dra gebuert fir d'Kabelen ze leeėn. Duerno ginn d'Läischten mat Schrauwen a Wäissläim agesat. D'Späerholzplack fir deen ieweschren Niveau gėtt geschnidden an opgeluegt.

   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   

D'Weich gėtt provisoresch opgeluegt an agezeechent. D'Gleisradie vun engem Meter gi mat enger selwer geschniddener Schabloun agezeechent. D'Späerholzplack gėtt erofgeholl an de Rechteck 2,5 X 8 cm fir de Fleischmann Motor gėtt erausgeseet. D'Kabele ginn an d'Läischten geluegt an d'Lüsterklemmen ginn ugeschrauft. D'Plack vum iewėschten Deel gėtt opgeläimt a geschrauft. D'Gleise gi geluegt a festgemaach. Um Iwwergang vum Segment läit e kuerzt Gleisstéck op enger dėnner Plastiksplack  vu Busch.

   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
 

Dėst muss esou geschottert an dekoréiert ginn, datt et net verklieft an sech beim Trennen vun de Segmenter eraushuele léisst.  Ronderem dat rechteckegt Lach fir de Weichemotor kliewen ech aus Plastiksplacken eng Rumm. Op déi gėtt en Deckel mat klenge Schrauwe festgemaach.Déi am Ufank agebauten Heljan Brauerei N 678 hunn ech 2023 duerch selwer gebaute Gebaier ersat. Fensteren an Diere zesumme mat Placke vu bal alle Marke goufe gebraucht. Lackéiert hunn ech mat Humbrol a Plaka Faarwen.

 
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   

Eng Rumm vun 3,5 mm Héicht ėmschléisst d'Brauerei. Si soll dat versenkte Gleis am Haff ophuelen. E klengt Verwaltungshaus gouf no Fotoen aus Busch Plastiksplacken, Kibri Schieferplacken an Evergreen Profile gebaut. D'Fėnsteren an d'Dire sinn Isoléierbandssträifen, déi op duerchsiichteg Plastiksplacken  gepecht goufen. Am Agank vun der Brauerei gouf eng Paart agebaut. Ech hunn de bewegleche Waasserkran 5832 vu Viessmann benotzt. Dėse gouf zerseet a versenkt agebaut.

   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
 

Fir en ze steieren hunn ech de Viessmann Powermodul 5215 missen u mäi Fleischmann Trafo 6705 uschléissen. D'Paart gėtt mat Tasteschaltere gesteiert. Parallel dozou schalt e Viessmann Relais 5551 d'Andreaskräizer 5803 fir de Brauereishaff an ėnnerbrécht de Fuerstroum wann d'Paart zou ass. Duefir hunn ech nodréiglech missen eng Trennstell mat der Rocossee ariichten. Si gėtt iwwer eng Fleischmann Eclisse mat ugeléitenem Kabel 22217 mat Stroum versuergt. Eent vun den Andreaskräizer hunn ech un engem  Mast aus 2 mm Messeng H Profile festgemaach.

 
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   

D'Brauereipaart gouf aus Placke vu Busch, Profile vun Evergreen an 0,8 mm Messingstaange gebastelt. De Viessmann Waasserkran 5832 hunn ech ofgeschnidden an e klengt Lach an de Sockel gebuert. D'Paart gouf mat Sekonneläim am Gel agepecht. D'Mauer mat dem Mechanismus vun der Paart ass ėnnen huel a gėtt einfach op e Profil opgesat. D'Kibri Mauerplacken 37969 kruten eng Couche Humbrol 67. Duerno goufen eenzel Steng mat Humbrol 27, 64, 31 an 98 ugestrach. Wéi alles dreche war koum waasserléislech gro Plakafaarf 72 drop.

   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
 

Mat engem fiichten Duch gouf getuppt a geriwwen fir datt déi gro Faarf an de Fouen hänke bleift. Virun d'Brauereipaart hunn ech en ėmgebauten Zwergsignal vu Mafen agebaut. D'Kabelkanäl goufen aus Plastiksplacke gebaut an ugestrach. D'Signal ass mam Relais verbonnen, deen d'Paart, d'Andreaskräizer an de Fuerstroum steiert. Hannen am Brauereishaff koum en Entkuppler bäi. Aus Faller Deeler, Placken a Läischte vu ville Marken gouf en Dieseltank mat Ausfėllstatioun fir en Tankwagon gebaut. D'Luucht ass den M_UN-A00257 an d'Zapsail den MU_N-A00124.

 
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   

D'Brauerei kritt de Masutt fir ze brauen an den Diesel fir hir Camionen iwwert de Schinnewee geliwwert. Doduerch muss alt neess rangéiert ginn. All d'Brauereigebaier kruten LED Beliichtung agebaut. Baussen, iwwert den Diren, koume Viessmann 6442 Luuchten. Ėnnert den Daach vum Luedequai hunn ech eng wäiss LED agebaut. De Kibri Kamäin gouf vun ėnnen opgebuert a gefeilt. E Seuthe Dampgenerator hunn ech uewen agebaut an d'Kabelen duerch e Rouer bei 2 Drocktastere geleet. E Kemo Zäitschalter suergt derfir, datt den Apparat sech nėt iwwehėtzt.

   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
 

Den Atelier fir d'Camionen hunn ech aus Plastiksdeeler vu Busch, Evergreen a Kibri gebastelt. D'Ariichtunge si vu Modellbahn Union. D'Pneue si Faller Deeler 975078. De Stull an d'Masuttsiewe si selwer gebastelt. Bannen ass eng wäiss LED agebaut. D'Luucht iwwer der Dir vum Büro ass den N-A00252 Artikel vu Modellbahn Union. D'Gelänner vun der Trap gouf aus 0,3 mm Drot gebéit a mat Sekonneläim am Gel zesummegepecht. D'Lėftungstübe vum Atelier sinn aus engem Rouer an ofgeseete Messingsneel fabrizéiert.

 
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   

De Fatima Sanctuaire hunn ech mat Hėllef vu Fotoen a mat engem Preiser Männche gebastelt. D'Béi goufen aus enger Holzläischt vu 4 mm gefeilt. D'Fatima selwer ass eng ausgeschnidde Foto, déi op eng gro Plasiksplack gepecht ass. D'Placke si vu Kibri (37971 fir d'Maueren an 37960 fir den Daach) a vu Busch. D'Profile si vun Evergreen an d'Faarwe vun Humbrol. Als Gelänner huelen ech Leederen vu Vapeur 70 an Heljan. De Sanctuaire gėtt vun 2 Scheinwerfere beliicht. De Lokomotiveschapp hunn ech no Fotoe gebaut. 2 Gleiser mam Paralellofstand vum Fleischmann System hunn ech als Ausgangspunkt benotzt

   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
 

Als Längt hunn ech eng Damplokomotiv mat Tender gerechent. No deene Viraussetzungen goufen d'Wänn mat den Diren an de Fėnsteren op Millimeterpapeier gezeechent. De Plang gouf esou ausgefouert, datt daat ganzt Gebai sech mat Pauspapeier op eng  Busch Plack 7203 iwwerdroe léisst. Fir d'Diren hunn ech Brieder an d'Busch 7203 Placken geritzt a  se mat Humbrol 62 ugestrach. Duerno hunn ech d'Fėnsterstäng mat enger groer Mėschung an d'Wänn mat Humbrol 34 gefierft. Um Enn hunn ech  d'Fėnsteren an d'Diren hannert d'Wänn vum Gebai gepecht.

 
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
 
erėm erop
 
 
   

D'Gebai gouf zesummegesaat. Di dėnn Busch Placke goufen mat Evergreen 153 Profile verstäerkt. Fir den Daach collen ech Kibri Schieferplacken 7971 op giel Busch Placken 7203. D'Kibri Placke hunn ech virdrun mat enger Feil an der Spėtzt vum Daach a bei de Kulangen ugewénkelt. D'Kulange sinn Evergreen 241 Half Round Profilen. Ech hunn se op schmuel Sträifen vu giele Busch Placke geklieft. D'Oflossréier hunn ech  aus Drot vun 1 mm gebéit an se mat Sekonneläim fixéiert. Duerno hunn ech se mat Sėlwelack 56 vun Humbrol gefierft. Op enger ganz aler Foto hunn ech e Waassertuerm gesinn.

 
 
 
 
   
 
erėm erop
 
 
   
 
 
 
 
 

D'Dimensiounen hunn ech un de Schapp an un d' Brauerei missen upassen. Fir d'Aachtecker ze zeechnen hunn ech um Computer eng Autoform opgemaach. Ech hunn se op d'Moosse vum Tuerm formatéiert an dunn op Karton erausgedréckt. Eemol ausgeschnidden konnt ech se dunn op Plastiksplacken opzeechnen. Den Tuerm hunn ech wéi ewell  beschriwwe gebaut. Hie krut eng Leeder vu Ratio an eng Luucht 6442 vu Viessmann. Mat dem Computer hunn ech eng Jauge, Schelter a Plakater gezeechnet. Ech hunn se op wäiss Micro Application Folie erausgedréckt.

 
 
erėm erop
 
 
   
 
 
 
 
   
 
erėm erop
 
 
   

Niewend de Footballsterrain kėnnt eng Buvette mat Keess an Toiletten. D'Gebai gouf, wéi schonns beschriwwen, gebastelt. Ech hunn eng Beliichtung mat LED installéiert. Den Daach kann een erofhuelen. Dann hunn ech eng 3 mm MDF Plack fir d'Strooss a fir d'Gradinen vum Terrain mat der Stéchsee geschnidden. Ech hunn och 2 Paarten, eng Resultatstafel, Hecken an Drotzonke fabrizéiert.
Op d'Landschaftsstrukturen aus Holz gouf Drotfilet vu Noch mat der Kliefpistoul gekollt.

 
 
 
 
   
 
erėm erop
 
 
   
   
   
   
   
 

Duerno koumen Gipssträifen drop. D'Fielse si gesammelt Schiefersteng. Ech hu mat Mastik alles fäerdeg modelléiert. Hannert der Brauerei gouf e Gelänner aus dem Schėffsmodellbau agebaut. D'Luuchte sinn aus 2 mm Messing H Profilen a Viessmann Deeler. D'Wisen hunn ech mat Heki Decovlieβ, Materialien vu Woodland, Busch a Wäissläim gemaach. D'Beem si vu Faller, Heki, Hünerbein Natur a Busch. D'Stroosse si mat Faller Farf ugestrach.

 
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   

E Viessmann Soundmodul gouf mat engem Relais paralell zur Paart geschalt. An d'Fosse vun der Garage koum eng Schweessluucht vu Busch. Ėnnert de Futtballsterrain hunn ech e programméierbare Soundbausteen vu WayinTop installéiert. Den Zonk beim Lokomotiveschapp ass vun Ndetail. D'Schėlter si selwer aus 0,3 mm Drot, 0,3mm Plasiksplacken an Decalle fabrizéiert. De Prellbock ass vu Weinert. Niewend dem Stompgleis fir op Baastneech hunn ech en Ubau fir entgleisten Zich fixéiert.

   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
 

D'Brauerei krut e weidere Luedequai fir Camionen. D'Messingleederen aus dem Faller 222195 Kit goufe gebéit, gefierft an ugepecht. Hannert d'Garage hunn ech en Ėnnerstand un d'Mauer fixéiert. An d'Näertrenger Stross goufe Schėlter an e Kilometersteen installéiert. De Futballsterrain bastelen ech aus Plastiksplacken a Messingsdeeler. D'Strecher goufen mam Plotter geschnidden. Eng Oxford Ambulanz mat Blénkluucht hunn ech bei Letitlight zu Rastatt bestallt a mat Decalen ėmdekoréiert.

 
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   

Virun d'Brauerei koum e Faller Velosstänner. An d'Herpa Remorquen hunn ech N-train Säck gepecht. D'Eisebunns- a Stroosseschelter si selwer gemaach. D'Viessmann Andreaskräiz gouf liicht versenkt agebaut. D'Schaaschtechmettie si vu Noch. Fir op de Futtballsterrain hunnn ech Goaler aus Messingsdrot a Fänkfileten aus 1,5 mm Evergreen H-Profilen an Drotfilet fabrizéiert. Ronderem den Terrain koum en ėmgeännerten an ugestrachenen Zonk vun Aeronaut.

   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
 

Ech hunn 2 Plexiglasplacken als Protektioun un de Rand vum Terrain ugeschrauft. D'Reklamenpanneauen goufen ugepecht. En Tableau, deen de Spillstand vum Match weist, hunn ech gebastelt an opgestallt. D'Brawa Scheinwerfer goufen duerch Evergreen Sträifen, Kestrel Leederen an Deeler aus 0,3 mm an 0,5 mm Drot ergänzt. 

 
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   

Ech hu Beem vun Heki an Zonke vun Ndetail rodrėm de Futballsterrain agesat. En Haische fir de Waachhond bei der Garage koum derbäi. Fir de Wanter an der Biergstrooss hunn ech eng Sandkėscht an eng Schnéischepp aus Ndetail Deeler, Drot a Plastiksplacke gebastelt. Op de Fiels hannert der Brauerei goufen e Gelänner an e Photograph installéiert. Ech hunn den amerikanesche Poliziste vu Woodland d'Kapen ofgeschnidden, Evergreen Ronnprofilen opgepecht a mat Humbrol Faarf ugestrach.

   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
 

Lo gehéiren si zur "Gendarmerie Grand-Ducale" a passe bei den emdekoreierten Oxford Land-Rover. Bei d'Buvette goufen e Gelänner an Dreckskiwwelen gepecht. Sanitäter vu Noch a Preiser kėmmeren sech em eng Persoun déi eng Attaque kritt huet. D'Footballsupportere sinn aus de Woodland A2187 Streikposten entstanen. D'Autoe goufe mat Decallen verännert.

 
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   

D'Futtballspiller si vu Noch a vun Tomytec. D'Nochspiller krute schwaarz Sträifen a wäiss a rout Nummeren. Et sinn Decale vu Microscale. Ech hunn 3 Figure vun Tomytec beim Bauch duerchgeschnidden. Si goufen ėm ongeféier 1,5 mm verkierzt, zesummegepecht an ugestrach. Lo passen si an der Gréisst besser bei déi aner Männercher. Dem Linieriichter hunn ech e Fändel aus gielem Stoff an aus Drot fabrizéiert.

   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
 

Hannert dem Futtballsterrain goufe Beem vu Faller opgestallt. En Hiirt mat Schof an e Soundmodul hunn ech an de Bierg agebaut. E Bam mat enger Bänk koum niewend d'Strooss. Ėnnert d'Camionssgarage hunn ech Baustäng mat Geräischer installéiert. Eng Camionsdépanneuse vun Artitec a Figure vu Woodland koumen an den Haff.

 
   
erėm erop  
   
   
       
  D' Segment mat der Gare
   
 
 
 
 
   

Op dem Segment mat der Gare hunn ech de Faller Quaikran mam Viessmann Waasserkran 5832 motoriséiert. Mat 0,3 mm Drot gouf dem Fallerkran säi Wénkel verännert, fir datt en d'Wagonen net beréiert. De Gidderschapp krut eng Beliichtung mat LED. Niewend dem Schapp hunn ech eng Camionswo aus Placken a Profile gebastelt. De Café gouf a Pavéesplacke vun Auhagen  ageluecht. Hie krut och eng Bannebeliichtung, nei Diren, Dėscher ,Still, Gelänneren an eng Bréifkėscht. Eng Viessmann Parklanter 6474 beliicht elo d'Terrasse.

 
erėm erop
 
 
   
 
 
 
 
   
 
erėm erop
 
 
 

De Sherman Tank gouf duerch en Artitec Modell ersat. D'Blumendėppen an d'Gedenkplack sinn aus Plastiksplacken a Läischten. D'Dalie si vu Busch. An den Haff vun der Schräinerei koum en ėmgeännerte Bockkran vun MKK. D'Fielse beim Tunnel sinn original Schieferstäng, déi mat Mastik fixéiert goufen. D'Weichenhiewelen, de Kilometersteen an den Telefon goufen aus Placken, Ronnnprofilen, Läischten an 0,3 mm Drot gebastelt. Si goufe mat Decalen a mat Humbrol Faarwen dekoréiert.

 
 
 
 
 
   
 
erėm erop
 
 
   
 
 
 
 
   

D'Miwwelgeschäft krut en neien Ustrach. D'Ariichtung besteet aus Deeler vu Modellbahn-Union, RailNscale a Faller. D'Tableaue si verklengert Fotoen. D'Beliichtung bannen ass vu Viessmann. D'Wandluuchten un de Gebaier am Haff si vu Modellbahn-Union. D'Lanter am Haff gouf  selwer gebastelt. Di 2 éischt Haiser an der Strooss kruten och eng Bannebeliichtung. Op d'Terrass iwwert der Garage koumen e Sonneprabeli vun Transmondia a Gaardestill an Dėscher vu Faller. D'Garegebai krut eng Bannebeliichtung an Ariichtung. Baussen hunn ech nei Fensteren, Schėlter an e Lavabo ubruecht.

 
erėm erop
 
 
 

 

 
 
 
 
 

 

 
erėm erop
 
 
 

Zebrasträifen an aner Stroossemarkéierungen goufe mat engem Silhouette Plotter geschnidden. D'Stroosseschėlter si vun Artitec. D'Camionswo krut eng Ariichtung. D'Eisebunnstafelen si mat Adobe Illustrator gezeechennt, op Decale gedrockt an op 0,25 mm Platicksplacken ubruecht. Ech hunn nei Prellbėck vun Auhagen agebaut. An der Mėtt vun der Barričre goufen Evergreen Läischten agepecht a mat Humbrol Faarwen ugestrach.

 
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
       
  D' Segment mat der Wendel
   
   
   
   
   
 

Ėnnert dem Tunnel hunn ech 2 Kippschalteren a Lüsterklemme bäigemaach. Heimat gi Faller Stroosseluuchten 272220 a Viessmann LED Haiserluuchte geschalt. D'Relaise fir d'Häerzstécker vun de Weichen 13 a 14 hunn ech op eng Plack niewend dem Trafo montéiert. Den amoviblen Deel mam Park gouf mat Läischten no ėnne verlängert. Eng MDF Plack fir 4 Schalteren an eng Läischt mat Lüsterklemmen konnten duerno installéiert ginn.

 
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   

Eng Spärholzplack fir eng kleng Spillplaz hunn ech mat Schrauwe fixéiert.  En ėmgeännert Kannerkarussell vu Langley gėtt vun engem ONPIRA Motor TDY-12 mat 2,5 Ėmdréiunge pro Minutt ugedriwwen. Eng Viessmann H0 Klunsch hunn ech ėmgebaut an zum Deel versenkt agesat. Fir de Park mat der Spillplaz hunn ech eng öffentlech Toilette no der bekannter Method gebastelt. Virun der Villa goufen di al Luuchten duerch Beli-Beco Artikelen ersat.

   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
 

Am Haff hunn ech an d'Trapemaueren 2 Parklantere vu Viessmann agebaut .  An d' Villa koumen 2 LED Luuchte vu Viessmann. Eng Paart erlaabt den Zougang aus dem Haff an de Park.  Der Gemeng hiirt d'Gaardegeschir ass am Niewegebai ėnnergestalt. Iwwert d'Paart vun der Scheier hunn ech eng Wandluucht vu Modellbahn Union  montéiert. D'Luuchen an der Haaptstrooss goufen duerch Faller Artikelen mat LED ersat.  Ech hunn aus der Landschaft mat der Stėchsee 2 Rechtecker erausgeschnidden.

 
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   

Fir d'Spillplaz hunn ech eng Rutschbunn, eng duebel Schaukel, eng Sandkėscht an eng Plattform fir Bänken a fir eng Poubelle gebastelt. Ech hunn Deeler vu Langley, Modellbahn Union, Evergreen a Faller verschafft. D'Figure si vu Noch a Merten. D'Poubelle sinn aus 2 mm Rouer an 0,45 mm Messingdrot.  Aus dem Viessmann Buer gouf mat Evergreen, Faller a Noch Elementer e Michel Rodange Renertbuer fabrizéiert. Decalen hunn ech entworf a gedréckt. Alles gouf mat Holzschrauwen a Rummen aus Holzläischten festgemaach. An de Park koum e selwer gemaachte Kiosk derbäi

   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
 

D'Stroossechelter goufen am Adobe Illustrator nei entworf an als Decalen op 0,25 mm Evergreen Placken opbruecht. D'Staange sinn aus 0,5 mm Drot. Ech hunn 2 WayinTop Soundmoduler fir 4,5 V agebaut. Fir d'Spillplaz hunn ech e gratis Internet Download gelueden an op 6,7 MB mp3 am Sound Forge gekierzt. Fir de Buer gouf an engem noe Park Waassergeräisch opgeholl an op ongeféier 3 Minutten Dauer mp3 am Sound Forge beschafft. D'Kneppecher hunn ech virun di visuell Szenen agebaut. D'Baustäng kėnnen ausgebaut an ėmprogramméiert ginn.

 
   
erėm erop  
   
   
       
  D' Segment mat dem Schlass
   
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   

D'Kibri Buerg hunn ech ausgebaut. De Segment gouf mat Läischten a Spärholzplacken no uewe verlängert. Esou ass d'  Strooss op der Héicht vum Schlass. Dorėnner koumen eng MDF Plack fir 3 Schalteren an eng Läischt mat Lüsterklemmen. Duerno hunn ech Noch Drotfilet mat der Kliefpistoul fixéiert. Op dėst gouf Gipsverband  geluegt. D'Schlass gėtt aus Deeler vu Busch, Evergreen, Kibri, Auhagen a Kestrel gebaut.

   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
 

D'Viessmann Parklanteren 6474 hunn ech démontéiert, d'Messingrouer mat der Zaang ėm 90° gebéit an de Sockel gekierzt. Si ginn als Wandlanteren un d'Gebaier fixéiert. An den Hang vum Bierg goufen 3 Brawa 83013 Scheinwerferen installéiert a Faller Beem geplanzt. Ėnnert d'Schlass hunn ech e weideren ONPIRA Motor TDY-12 fir d'Kiermesuergel agebaut. Dės gouf aus engem Lemke Unhänger, Plastiksplacken an Deeler vun Evergreen esouwéi Auhagen gebastelt.

 
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   

Enger Schönwitz 01-03-06-09 LED hir Kabele ginn duerch e Messingsrouer ėnnert den Haff geleet. D'Frontdekoratioun hunn ech am Adobe Illustrator entworf an op en Decal mat Laser gedrockt. Eng Figur vu Noch dréit op enger Messingschrauf vun 1 mm. E Soundmodul vu Noch suergt fir Musek. De Lautspriecher hunn ech ėnnert dem Pėtz agebaut.

   
   
   
   
       
  D' Segment mat der Flossbréck
   
   
erėm erop  
   
   
 

De Kibri Bausaz hunn ech ėmgebaut. Banne koumen 2 Metallstaange vun 8 mm an déi 6 Kabele fir de Stroum vum ganze Reseau. Wéinst der Déift vun dem Faller Car System  sénge Schaltelementer hunn ech d' Héicht vun de Stäipen an d'Déckt vun der Strooss missen duerch Tester ermėttelen. D'Niveauen vum Floss, der Strooss, der Bunn an der Steebrochsbunn konnt ech esou op 18, 58, 90 an 200 mm festleeėn. Den Hang vum Bierg gėtt dorunner ugepasst. Den Tunnel hunn ech aus Reschtstécker no Virlag vun enger Foto gebaut.

 
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   

Den Tunnel hunn ech aus Reschtstécker no Virlag vun enger Foto gebaut. Am Tunnel goufen d'Fleischmann Schinnen mat dėnne Placken ėnnerluegt, fir op d'Héicht vum Peco Code 55 Gleis op 3mm Kork ze kommen. Eclisse mat Kabelen solle fir Stroum suergen. Eng Ėnnerfeirung fir e Feldwee, no emgem Virbild bei Béislek, hunn ech och gebaut. D'Maueren goufe  wéi ėmmer mat Humbrol Lackfaarwen ugestrach. Duerno hunn ech mat groer Plaka Waasserfaarf getuppt a geriwwen.

   
erėm erop  
   
   
   
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
 

Ėnnert d'Bréck hunn ech eng 0,25 mm Plastiksplack gepecht. Aus Späerholzstécker goufen Bierger, Häng, de Kanal an d'Wier fir d'Waassermille gebastelt. D'Peco Gleis an d'Korkbettung hunn ech mat Humbrol Lackfaarwen ugestrach. Mat Peco Metallasäz gėtt d'Gleis geluegt a mat waasserfestem Laim ugepecht. Peco PL-82 Eclisse mat Kabele suerge fir Stroum. Duereno hunn ech mat Heki 33103 geschottert.

 
   
   
   
   
   
   
erėm erop  
   
   
       
  D' Segment mat der Barričre
   
   
   
   
   
   

Déi ėnnerierdesch Kéierschläif vum FCS bauen ech op eng 12 mm Spärrholzplack, déi ee spéider no uewen eraushuele kann. Si gėtt mat 2 Mudddere festgemaacht. De Faller Trafo 180641 hunn ech vedéift agebaut. 2 elektrėsch Faller Parkplazen 161674 solle mat 4 Busch Liichbarričren 5720 an 2 Busch Elektronik Relaisen 5740 gesteiert ginn.

   
erėm erop