Lëtzebuerger N-Bunn 69 ||
 

Ëmbauten

 
Ëmbauten

Kupplungen

   
erëm erop      
 

An der Kappgare mussen d'Lokomotive vun den Zich getrennt ginn. An der Giddergare musse Waggonen ewechgeholl an ofgestallt ginn. Fir daat duerchzeféiere goufen Entkuppler vun Herkat agebaut.Si loossen sech genee op di richteg Héicht astellen. Am Gebrauch ass d'Standartkupplung vun Arnold. Fir datt d'Auskrämpe ka fonktionnéieren, mussen d'Gefierer genee iwwert dem Entkuppler zum Stoe kommen. D'Lokomotive mussen also extrem lues fueren.

 
       
 
Wann d'Kupplunge vun de Gefierer net op derselwechter Héicht sinn, béien ech se virsiichteg. Heiansdo muss och un de Fiedere geschafft ginn, fir datt d'Kupplungen sech méi liicht hiewen. Bei ale Waggonen sinn d'Kupplungskëschten muenchmol ze déck  an de ganze Wagon gëtt ugehuewen. Bei neie Waggonen kann et och virkommen, datt sech d'Kupplunge kaum nach no uewe bewegen. Ech schaffen da mat menge Minifeilen. Fir kënnen ze rangéiren, war meng lescht Léisung de ganze Chassis ze tauschen. Neierdings bauen ech einfach méi laang Kupplungen an.
 
erëm erop      
   
       

Gedeckte Gidderwaggon Kw (G 10)

   
Beim Brawa Modell hunn ech um Chassis iwwert de Kupplungen e klengt Stéck mat menger Roco See a mat menger Minifeil ewech gemaach. Mat engem 10/0 Pinsel a mat groem Humbrol Lack 27 gouf dee wäisse Plastik ugestrach. An de Kupplungskëschten hunn ech de Stëft an der Mëtt ëm 45 Grad no uewe gebéit. Elo kuppelt mäi Wagon op riichter Streck tadellos un an mat mengen Herkat Entkuppleren och aus. De Nervenopwand fir d' Fiederen vun der Kinematik herno erëm anzebauen ass allerdings zimlech grouss.
erëm erop      
   
       

 Béierwaggone Kwf a Kw (G 10)

 
2 Arnold Modellen 4262 kruten d'Chassisen vum HN6353 a vum Fleischmann 8591. Fir datt d'Gehaiser passen, hunn ech bannen un de Querverstriewungen Plastik ewechgefeilt. Och d'Schrauweréier goufe méi kuerz gemaach. Un deene neie Chassisen hunn ech di al Schrëften schwaarz iwwerpinselt. Iwwert d'Trëttbrieder hunn ech mat Microscale 70101 Buchstawen CFL geschriwwen. Um Ënn kruten di säitlech Chassisdeeler eng dënn Couche Humbrol satin cote. Un engem Gehais hunn ech d'Bremshaus demonteiert. Den Daach gouf mat 0,75 mm Plastik opgefëllt an e sëlwernen Decal vu Microscale opgeluecht.
 
erëm erop      
   
       

Oppene Gidderwaggon Es

   
Beim Roco Modell 25084 hunn ech um Chassis d' Rangéiertrëttbrieder ewech gemaach. Niewend de lénke Puffer gouf en 0,3 mm Lach gebuert an d'Weinert Trëttbriet 6801 mat Sekonneläim am Gel agepecht. De Chassis an d'Weinert Deeler hunn ech mat Humbrol 33 ugestrach a mat duersiichtegem Satin Lack vesigelt. Well ech vill rangéiren a well d'Kupplungskëschte  ze no iwwert dem Ëntkuppler leien, hunn ech méi eng laang Minitrix Kupplung E40062300 agebaut. Op de Pastiksasaz hunn ech zerklengert echt Kuel gepecht.
erëm erop      
   
       

Tankwaggon Ukk

 
Un de Chassis vum Minitrix Modell 18084 goufen 2 schwaarz  Plasiksplacke vun 0,5 X 10 X 3 mm mat Sekonneläim am Gel gepecht. Duerno hunn ech déi riets Puffertellere flaach gefeilt an alles mat Humbrol 33 gefierft.
Um Originaltank goufe mat 1200ter Glaspapeier all Insrciptiounen ewech gemaach. D'Beschrëftungen an de Gulf Logo hunn ech am Adobe Illustrator entwéckelt an op duerchsiichteg Decalen vun 13 μm mat Laser gedréckt. Ënnert d'Beschrëftunge vum Chassis hunn ech liicht méi kleng wäiss 13 μm Decalen ubruecht. D'Gelänner um Tank hunn ech aus 0,4 mm Drot an Evergreen Läischte gebastelt a schwaarz gefierft. De Waggon gouf mat duerchsiichtegem Satinslack versigelt.
 
erëm erop      
   
       

Persounen- a Gepäckwon BD

   
1991 krut de Fleischmann Modell 8142 zwou Diren aus 0,25 mm Plastiksplacken. E gouf gréng ugestrach a krut Letrasetlettrage vum Paul Gemmer. 2022 hunn ech nei Dréigesteller vun 3Dprint4Moba agebaut. Doduerch läit de Won 1 mm méi déif. Eng laang Standardkupplung vun der Modellbahn-Union gouf no uewe gediebelt an hire Stëft gouf verkierzt. Aus dem Waggonbuedem hunn ech d'Metallplack ausgebaut a Plaz fir 3 Batteriehalter an e Schalter geseet a gefeilt. Dës goufen op eng verstäerkten 0,5 mm Plack festgepecht. Dat Ganzt ass mat 1 mm Schrauwen a Mudderen am Won fixéiert.
erëm erop      
   
       
 
Op dës Manéier kritt den Zuch konstante Stroum fir Geliits ouni Rullwiderstand vu Schläiferen. Ech hunn an eng 0,5 mm Plastiksplack Lächer gebuert a Messingsréier op d'Säite gepecht. 5 Schönwitz LED 603 mat Kabel hunn ech un 2 Litze geléit. Dës goufen un d'Litzen vun den 3Dprint4Moba Magnéitkupplunge geléit. Di selwer fabrizéiert Luteplack get mat Schrauwen un d'original Fleischmann Wénkeleise festgemaach. Esou léisst sech alles liicht ausbauen an ersetzen.
 
erëm erop      
   
       
   
Am Gepäckcompartiment ass keng LED. Hei hunn ech 0,4 mm Messingsdrot hannert deenen 3 concernéierte Fënstere fixéiert. D'Fënsterrumme vun der Dir goufen aus 0,4 mm Drot gebéit. D' Trëttbrieder ënnert der Dir sinn un d'Dréigestell gepecht. D'Rangéiertrëttbrieder si vu Weinert. All ëmgebauten Deeler hunn ech mat Humbrol Faarwen ugestrach. D'Rangéiergrëffer sinn Decallsträife vu Microscale. D'Passagéier
sinn "amputéiert" Figure vun alle Marken. D'Zuchtafelen hunn ech mat Adobe Illustrator entworf an op wäiss Autocollante gedréckt.
erëm erop      
   
       

Persounewon B

 
De Fleischmann Modell krut 1991 e gréngen Ustrach an CFL Beschrëftungen. 2022 hunn ech  Dréigesteller a Magnéitkupplunge vun 3Dprint4Moba agebaut. 4 waarmwäiss LED vu Schönwitz goufe paralell geschalt an ob enger selwer gebastelter Plack fixéiert. Déi 3 a Serie geschalten 1,5 v Batterien am BD Won erlaben de Betrib vun 20 LED. Dat geet fir eng Rame mat 4 Waggonen duer. Fir d'Ween richteg uneneen ze hänken, sinn Zeeche mat rouder Faarw un de Biedem an un de Kupplungen. Ech hunn och 4 Rangéiertrëttbbrieder aus Messing un de B Waggon gepecht.
 
erëm erop      
   
       

Persounewon AB

   
De Fleischmann Modell krut 1991 e gréngen Ustrach. CFL Beschrëftungen a giel Microscale Decalsträifen goufen ubruecht. 2022 hunn ech  Dréigesteller vun 3Dprint4Moba agebaut. Eng laang Standartkupplung vun der Modellbahn Union gouf no uewen gediebelt an de Stëft gekierzt. Bannen hun ech LED installéirt. An d'Wénkeleise vun alle Ween gouf e weidert Lach gebuert, fir LEDen an de Compartimenter un den Ënner ze fixéiren. Eng Magnéitkupplung suergt fir Stroum. D'Sëtzer vum Won hunn ech blo a rout ugestrach a Figuren agepecht.
erëm erop      
   
       

Minitrix Weichen

   
erëm erop      
 
D'Ëmdréine vum Weichemotor geschitt duerch d'Usetze vun engem rietse Motor un eng lénks Weich. Well dee klenge rouden Hiewel net déif genuch ass, rutscht de Motor drënner erduech. D'Weich leet sech net. Déi ëmgedréite Weich weisst dee klenge rouden Hiewel. Eng dënn a klinzeg kleng Plastiksplack gëtt mam Cutter geschnidden. Si gëtt mat enger Drëps  Sekonneläim op enger Spéngelspëtzt ugepecht.
 
       
   
erëm erop      
 
D'Weich gëtt patinéiert an agebaut. Et gesäit een di klinzeg kleng giel Plack ënnert deem rouden Hiewel. Fir de Weichemotor ze stabiliséieren, gëtt eng Kall installéiert a mat gielen a groe Plastiksplacken ajustéiert. Deen agebaute Motor ass perfekt horizontal. Hie fonktionnéiert zouverléisseg. Aus Plastiksdeeler an Drot hunn ech Weichenhiewele gebastelt. Duerno gëtt d'Camouflageplack iwwert d'Lach geschrauft.
 
       
   
erëm erop      

Lokomotive vun der Serie 450

   
       
 
Um Dieselfestival am Fond-de-Gras hat ech den Original vun alle Säite fotograféiert. D'Fotoen hunn ech an e Word Dokument geholl. Dem Minitrix V36 Modell seng d'Breet a seng d'Längt hunn ech gemooss. Strécher mat dëse Moossen hunn ech als Autoform bei d'Fotoen an d'Word Dokument geholl. D'Gréisst vun de Fotoen hunn ech un des Strécher ugepasst. Sou konnt ech d'Fotoen an N-Gréisst erausdrécken. Bei der Minitrix Lokomotiv hunn ech vun der Kabin d'Säiten, d'Réckwand an den Daach deelweis mat der Trennscheif ewech geschnidden. Mat Hëllef vun der hënneschter Foto hunn ech e Gabarit aus Plastik geschnidden a gefeilt fir di nei Kabin ze bastelen.
 
erëm erop      
   
       
   
erëm erop      
   
D'Karosserie gouf mat Evergreen Artikelen ëmgebaut. Um Chassis hunn ech d'Plaze, wou d'Karosserie opgesat gëtt, glat gefeilt a schwaarz ugestrach. Un de Biellen vun de Rieder hunn ech dee Bolzen aus der Mëtt erausgezunn, ofgeschnidden an de Kapp mat Sekonneläim opgepecht. Esou klemmt dat Ganzt manner an d'Lokomotiv leeft besser. Mat Spréilack vu Plastikote, Decalle vun Microscale an Druckeronkel hunn ech d'Maschinnen dekoréiert. Aus 0,3mm Drot goufen d'Handgrëffer gebéit an opgepecht. D'Puffere hunn ech vu mengen ëmgebaute Roco/Fleischmann Brissonneauen  recuperéiert.
       
   
erëm erop      

Lokomotive vun der Serie 800

   
       
   
Vum Arnold Modell 5114 hunn ech nëmmen d'Gehais, d'Rieder an d'Kupplunge verbaut. D'Gehais krut eng Kabin aus 0,25 mm Plastiksplacken. Et gouf mat Plastikote 22105  a Microscale 87-1061 an 70106 Decalen dekoréiert. D'Logoe goufe vun Decalo de entwéckelt a vun Druckeronkel de an high-end digital Qualitéit gedréckt. D'Kupplunge goufen ofgeseet, gefeilt a mat Sekonnelaim zesummegepecht. D'Rieder hunn ech mat Fohrmann Geschir op d' Achse vum HN2259 gesat.
erëm erop      
   
       
 
De Chassis vum HN2259 hunn ech op der Säit an un den Ënner mat 0,25 mm Placke verkleet. Bei den Trapen hunn ech Evergreen 153 ausgefeilt an opgepecht. D'Luuchte sinn Evergreen 222. Den Tank besteet aus Evergreen 248 an153. De Chassis gouf mat Plastikote 22100  a Microscale  Decalen dekoréiert. D'Puffere si Kato K2880-25B.
 
D'Lifelike Modellen 7867 an 7868 konnt ech integral iwwerhuelen. Un dem Zénkchassis hunn ech hannen e Stéck ewechgeseet. D'Dir an der Mëtt  vun der Kabin muss bis op de Chassis erofgoen.
 
erëm erop      
   
       
   
D'Buedemplack vum Chassis gouf mat klenge Plastiksstécker op dëser Plaz zougemaach. D'Säiten an d'Extremitéite si mat 0,25 mm Placke verkleet. D'Trapen, d'Tanken an d'Luuchte goufen aus Evergreen Deeler gebaut. Dekoréiert gouf de Modell wéi virdru beschriwwen. Un de Rapido Kupplungen hunn ech uewen 1 mm ewechgefeilt, fir datt se besser mat anere Gefierer kuppelen. Bei mengem neien 804 hunn ech nach d'Tanken an d'Kabin mat Bläiplacken méi schweier gemaach.
erëm erop      
   
       

Lokomotive vun de Serien 850 an 900

 
D'Formula Sports Roco Lokomotiv 210116 krut e neien, selwer gebastelten Auspuff aus Plastik. D'Zirsträife goufe mat Neellackléiser ewechgemaach. Un der Kabin hunn ech di ënnescht Lächer fir d'Gelänneren mat Humbrol Modelfiller zougemaach. D'Gehais an d'Kabin goufe mat Plastikote Spraylack 22105 wäirout gesprëtzt. Di nei Straife si Microscale New Haven 87-1061 Decalen vu 5 Zoll. D'Zuele si Microscale 70106 Gothic Railroad Letters and Numbers Yellow. Si goufe mat  Micro Set a Micro Sol opgedroen. Eng duerchsiichteg  Lackschicht satin vu Plastikote koum nach driwwer.
 
erëm erop      
   
       
   
D'Gelännere kruten hir ënnescht Striewe mam Minisäiteschneider amputéiert. Vir an hanne gouf hiren ënneschten Deel giel ugestrach. Um Chassis hunn ech mat gielen Decalen kleng Sträifen bei den Trapen ubruecht. Et goufe Puffere vun Drim 3D agebaut. D'Motorkuele goufen ersat. De Kollektor, d'Zännrieder an d'Schläifkontakte vun de Rieder an de Bogie goufe gebotzt. D'Schnecken an d' Zännrieder goufen nei geuelegt. Dee fënnefpolege Motor dréit elo zimlech lues an der Lokomotiv hire Ralenti ass ganz gutt. Aus optesche Grenn hun ech  Fleischmann Rieder 53717400 agebaut.
erëm erop      
   
       
   
No derselwechter Method hunn ech nach den 851 an de 903 ëmgebaut. Fir de Kamäin hunn ech en Evergreen 188 Strip geholl, an deen  ech mat der Proxxon Lächer gebuert hunn. Duerno gouf nach dru gefeilt, datt e liicht schréi no uewen ass. D'Fuereegeschafte vun der 851 waren trotz 5polegem Motor schlecht. D'Gedriwwer vun engem Dréigestell hu geklemmt. Ee Radsaz war net breet genuch an hat doduerch kee säitlecht Spill. Mat Spezialgechir vu Fohrmann hunn ech d'Rieder liicht auserneegezunn. Mäin zweeten MBM 854 krut e neie schwaarze Chassis vun der Fleischmann 931604, déi een 2017  ze kafe krut. Bei der Kabin hunn ech um Daach an un den ale Kamäiner gefeilt. D'Lächer fir déi ënnescht Gelännerstriewe goufe mat Humbrol Modelfiller zougemaach.
erëm erop      
   
       
 
Verschidde Lokomotive vun deenen 2 Serien hate Chaudièren, déi spéider ausgebaut goufen. Duerno waren déi hënnescht Fënsteren vun de Kabinen an der Mëtt getrennt. Och d'Tanke fir den Diesel waren anescht. Bei menge neisten Ëmbauten hunn ech probéiert, deem Rechnung ze droen. Et goufen alt neess Evergreen Profilen a Placke verschafft. D'Puffere komme vun TJ-Modeles. D' Decale si vu Microscale an Druckeronkel. Nëmmen e puer CFL Lokomotiven haten un der Spëtzt vum Virbau Dieren. Deemno hunn ech hei mat der Feil geschafft.
 
erëm erop      

Tribween vun der Serie Z100

   
       
 
De Guarniero Modell N-D003 vum Tribwon Z105 konnt senger Zäit net duerch de Radius vu menger Wendel fueren. Duefir hat  ech deemols d'Dréigestellblenden amputéiert. 2016 huet Guarniero eng Versioun mat geännerten Dréigesteller ugebueden. Ech hu mech dorun inspiréiert. Déi iewescht Deeler vun den Dréigestelle goufe mat der Proxxon Trennscheif ofgeschnidden a gefeilt. An der Kéier däerfen d'Bogien an och d'Rieder d'Karrosserie net beréieren. Duerno kruten d'Bogien e schwaarzen Ustrach mat dem Pinsel.
 
erëm erop      
   
       

Schinnebusse vun der Serie Z150 a Remorque vun der Serie RZ1050

 
Bei Shapeways hunn ech 3D Carrosserien bestallt. Dës si Modelle vun der Remorque. Fir de Gebrauch als Tribwon hunn ech e Kamain aus engem ofgeseeten Zännsteppeler, 2 Messingsréier als 3. Viischtluucht, 2 Plastiksplacken ënnert di ausgefeilte Kupplungslächer, an e Gitter ënnert d'Fënster niewend der Toilette gepecht. Als Châssis gëtt beim Eenzeltribwon dee vum Tram 14-071-1 vu Kato agebaut. Ech hunn e gekierzt, säitlech Placken a Fiederimitationen opgepecht. Uewe gouf e Stëck vun der Ëmkleedung erausgeseet, fir Kabele kënnen unzeschléissen.
 
erëm erop      
   
       
   
Aus opgepechte Placken hunn ech d'Toilettenhäischen nogebaut. E Schalter fir de Car System Spur N gouf diagonal an de Chassis gepecht, dee mat Plastiksplacke verlängert an un d'Gehäis ugepasst gouf. Als Beliichtung gebrauchen ech d'SMIB45 Platine vu Sabenne-Modellbau. Si gëtt um Carrosseriesdaach vun opgepechten Evergreen Sträife festgehalen. Un de Chassis goufe Schinnereimer aus 0,3 mm gebéitenem Drot mat Sekonnelaim am Gel ugepecht.
erëm erop      
   
       
 
Fir en zweeten Autorail hunn ech um Chassis vun enger Fleischmann Remorque geseet a gefeilt. Den SB-Modellbau Motor 42014 gouf ënnert enger dënner Plack mat Schrauwen a Muddere fixéiert. D'Bannenariichtung vum Autorail hunn ech mat Styrenedeeler gebastelt. Bläiplacke suerge fir vill Gewiicht. Och Schinnereimer aus Drot hunn ech agepecht. Eng Luuchtplatine gëtt ugeléit. Hannert d'Dire vun der Carrosserie hunn ech kuerz Evergreen Läischten agepecht, fir di richteg Héicht ze bestëmmen.
 
erëm erop      
   
       
   
Eng Autorailsgarnitur mat fest gekuppelter Remorque hunn ech aus Fleischmann an SB-Modellbahn Deeler gebaut. Tëschent de Gefierer gouf d'Fleischmann Kinematik bäibehalen. Hannen un d'Garnitur hunn ech fir d'Éischt e Schacht vun Peho agebaut. D'Kupplungsstaange vu Fleischmann goufe méi dënn gefeilt. Un d'Luuchtplatinen hunn ech Kabele mat Mikrostecker geléit. Dës sinn an den Toiletten  ënnerbruecht. Esou kann een d'Karrosserie liicht erofhuelen.
erëm erop      
   
       
 
Eng weider Autorailsgarnitur ouni Motor hunn ech aus Fleischmann Deeler gebaut. D'Chassisen an d'Bannenariichtungen goufe mat Humbrol Faarwen ugestrach. Miniaturfigure vu ville Marken hunn ech ofgeschnidden an agepecht. D'Karrosserie gi bannen schwaarz, wäiss, brong a gro lackéiert.
 
erëm erop      
   
       
   
Lackéiert hunn ech mat Plastikote 22105 wäirout an Humbrol 64. Di giel Beschrëftungen esou wéi di sëlwer Sträifen a Fensterlëftungen si sëlwer entwéckelt Decalen, déi bei Druckeronkel impriméiert goufen. Nodeems si op der Carrosserie opgedroe waren, hunn ech eng transparent satin Couche Plastikote gesprëtzt. Giel Plastiksplacke vu Busch si fir d'Ridoen agepecht ginn. Di fiischt Fënsteren hunn ech mat flexibelen transparente Sträifen hannerluegt. Fir di aner Fënstere, hunn ech rigid Placken op d'Ridoen gesaat.
erëm erop      
   
       

Schinnebus Z161 a Remorque RZ1061

   
erëm erop      
   
Beim Fleischmann Model 740205 hunn ech nëmmen den iewëschten Deel gro gefierft. Ënnen hunn ech mat ganz rengem Schläifpabeier d'DB Beschrëftungen ewechgemaach. Mam Adobe Illustrator hunn ech d'CFL Opschrëfte a Form vu vectorielle Grafiken erstallt a bei Druckeronkel als Decale printe gelooss. D'Säitefenstere si Piko ET40251-16 aus dem online Shop. De Chassis krut zousätzlech Bläigewiichter, well den Z161 jo 3 Remorquen d'Wendel erop zéie muss.
       
   
erëm erop      
 
Bei dësen hunn ech d'Kontaktfiederen gebéit, datt se méi fest widder d'Rieder drécken. Esou ass den elektrësche Kontakt besser. Fir d'Remorque besser ze tauschen, hunn ech e Krop aus Drot gebéit a vertikal beweglech agebaut. Esou lossen sech d'Tribween einfach vu uewen un d'Remorquen  unhänken.
 
       
   
erëm erop      
   
D'Karrosseie vu Shapeways hunn ech mat Plastikote Spraylack an Humbrol Enamel ugestrach. Déi selwerfaarweg Deeler si selwer entwéckelt Decalen. D'Puffere goufe mat Humbrol Faarf lackéiert. Eng duerchsiichteg Couche Lack gouf um Enn opgedroen.
       
   
erëm erop      

Tribween vun der Serie Z200

   
       
 
Ech benozen d'Chassisen vum Minitrix 12793 Tribwon. D'Rieder mat Pneue goufe getosch an all Achsen hu Messingszännrieder. Wann ech keng original Minitrix Achse konnt kréien, hunn ech U031/8802 Zännrieder vu Karin Hegermann opgezunn. D'Chassise goufen ëm 3 mm no hanne verlängert. Vir goufen se ëmm 1 mm gekierzt an op de Säite liicht schief gefeilt. Bei enger Minitrix Platine hunn ech de Polyswitch mat engem dënne Kabel a mam Léitkollef iwwerbréckt.
 
erëm erop      
   
       
   
Fir d'Karrosserie ze maachen, hunn ech mat engem Silhouette Plotter geschafft. Geschnidde goufen Evergreen Placke 9010 a 9511 vun 0,25 mm. 3 Placke gi mat extra dënnem flëssege Tamiya 87038 Cement openee gepecht. D'Nuese bestinn aus 3 Placke déi all Kéier 0,5 mm méi laang sinn. Si goufe op engem Gabarit gediebelt an openee gepecht.
erëm erop      
   
       
 
Fir d'Nuesen an Säitewänn festzehalen hunn ech eng Daachplack vun 1 mm mam Cutter geschnidden a vir ronn gefeilt. E Rechteck fir  d'Minitrix Platine ass erausgeschnidden. D'Daachplack gouf 1 mm no hanne versat agepecht. Esou hunn di viischt Fënstere vun de Schnëssen eng liicht Pente. Fir di viischt Pufferen festzemaachen, hunn ech Evergreen Placken ausgefeilt a baussen ob d'Nuese gepecht.
 
erëm erop      
   
       
   
Den Daach besteet aus 1 mm Placken déi un der Spëtzt ronn gefeilt goufen. Ronderem hunn ech  eng 1,5 mm vierel ronn Baguette gepecht. D'Daachlëfter sinn aus 1 mm hallef ronne Läischten a 0,5 mm Baguetten entstanen. De Schminni ass en hëlzenen Zännstëppler. Di 3 Baudeeler gi spéider getrennt schwaarz, wäirout a gro dekoréiert. Um Enn gi se zesumme gesat.
erëm erop      
   
       
 
De Minitrix Zuch besteet aus 3 Gefierer. Dee mëttleren Deel ass motoriséiert a gëtt liicht verännert. Aus deenen aneren 2 Gefierer hunn ech durch Seeën a Collen 1 Chassis ouni Motor mat 2 Kupplungen gebastelt. Fir méi déck Plastiksplacken ze schneiden, gebrauchen ech den "Duplicate it" vu Micro-Mark.
 
erëm erop      
   
       
   
Fir déi zwee Deeler vum "Westwaggon" ze vebannen benozen ech Kupplungsstaangen N-A50055 vu Modellbahn-Union. Als Faltenbäelg gi Roco Ersatzdeeler 98443-NK vu Spur N Teile DE agebaut. D'Beschrëftunge sinn ech am Gaang um Adobe Illustrator ze ëntwécklen.
erëm erop      

Lokomotive vun der Serie 1800

   
       
 
Mäi Modell 1814 vun MTE huet e groe Chassis vun der Brawa 61123. D'Rieder mat Pneuen goufen duerch 0008765.00 ersat. D'Dréigestellblenden hunn ech erausgeschnidden. Am Märklin Online Shop hunn ech d'Ersatzdeel 305216 fir de Minitrix Nohab bestallt. Deen hunn ech zerschnidden, gefeilt an op d'Brawa Dréigesteller gepecht. Säitlech hunn ech ënnen um Brawa Chassis Busch Plastiksplacken vun 1 mm ugepecht. Hir Déckt hunn ech mat der Feil un d'MTE Carosserie aus Résine ugepasst. De Mazoutstank ënnert der Loko hunn ech mat 0,3 mm Placke vun Evergreen imitéiert. Huelräim ënnert dem Chassis goufe mat Bläiplacken opgefëllt. Ech hunn alles mam Pinsel an Humbrol Lack ugestrach.
 
erëm erop      
   
       
   
Beim 1803 hunn ech bal diselwecht Ëmännerungen un dem méi kuerze Minitrix Chassis 2020 gemaach. D'Bogie goufe liicht no vir verlängert. Méi laang Kupplungen 0291-10 vum Arnold Uerdinger goufen agebaut. Kleng Evergreen Placke vun 0,3 mm goufe mat Sekonnelaim vir an un de Säiten ugepecht. Duerno goufen d'Huelraim mat Stabilit Express opgefëllt a gefeilt. Un de Säite vun de Bogien goufe Leederen aus 0,3 mm Drot ënnert den Dire vun der Carrosserie festgemaach. An der Carrosserie aus Resine  goufe bannen dënn Plastiksplacken agepecht, bis datt se genee op de Chassis passt. Mat Sträife vun dënnem duebelsäitegem Klieveband fir Fotoen a Karton gouf d'Carrosserie um Chassis fixéiert.
erëm erop      

D'Steebrochsbunn op Z Gleis

   
       
 
D'Lokomotiv hunn ech aus dem Busch Modell B60 gebaut. D'Kabin gouf mat Busch Placke gebaut, an déi ech Fënsteren an Dire gefeilt hunn. Mat Evergreen Strips an Drotnetz goufen d'Lëftgitter imitéiert. De Kamäin ass e Messingrouer. De Modell gouf mat Plastikote Spray gefierft. D' Beschrëftunge si selwer gemaachten Decalen. Natierlech musse wéinst dem Bush Magnet System ënnert dem Gleis Placken aus Blech leie kommen.
 
 
erëm erop      
 
D'Buggie si komplett aus Evergreen Strips a Placke gebaut. Si goufen mam Pinsel a mat Humbrol Faarwen ugestrach. Bei de Rieder 700810 vu Märklin hunn ech d'Spëtzen mat der Proxxon ofgeschlaff. Si goufe brünéiert  an duerch hiert Gewiicht rullen d'Gefierer ganz gutt. Mat Kreep aus gebéitem Drot vu 0,3 mm ginn d'Lokomotiv an d'Buggie verbonnen.
 
       

De Faller Car System

   
erëm erop      
 
De Camion 16042 gouf ëmgebaut a soll miseler Wäi bei d'Leit bréngen. Un der Kabin vun engem Lemke Krupp Titan hunn ech esou laang gefeilt, bis datt se op de Faller Chassis gepasst huet. Mäin éischten Ëmbau gouf mam Pinsel ugestrach. D'Beschrëftunge sinn am Word Programm um Computer gemaach. Si goufe mam Tëntendrucker op wäiss Autocollante vu Micro Application an op duerchsiichteg Decals vun Microscale gedréckt. Ech hunn d'Decals mat Microscale  Produkten opgedroen. Um Enn koum Satin Sealer vu Plastikote driwwer.
 
       
   
erëm erop      
   
       
   
erëm erop      
   
De Faller Modell 162046 krut e puer Faarfretouche mam Pinsel. D'Beschrëftung ass en Autocollant vu Micro Application. All Autoe krute Nummereschëlter. Si goufen am Adobe Photoshop Programm gemaach. De Bus vu Simon hunn ech  mat Spray vu Plastikote gesprëtzt a mat Decals beschrëft. De Béiercamion ass de Faller Modell 162051. Neess hunn ech un enger Kabin vun engem Lemke Büssing gefeilt. Hie gouf an zwou Faarwe mat Plastikote Spray gesprëtzt. Déi ënnescht Beschrëftunge sinn eenzel Buchstawen aus dem Microscale Programm.
       
   
erëm erop